THÉÂTRE DES CAPUCINS | FOYER

HappyHour: Cary & Pol Greisch

Nieft dem P.Greisch senger leschter Kreatioun "Dame blanche" dei nach den 14., 15. a 16.4. am Kapuzinertheater gespillt gett, liest den Auteur am Kader vum HAPPY HOUR THEATER aus sengem Wierk "Sonnesäit".

Ënnert dem Titel d'SONNESÄIT  huet de Pol Greisch eng Rëtsch Geschichten a Gedichter publizéiert, déi iwwer 30 Joer lafen, an deenen et vun Allem ze fanne gëtt: mol e Grapp voll Komik, mol Eescht an eng Grëtz Trauer, eng Poutz Ironie oder Witz; fir nozedenken, ze laachen oder och nëmmen ze schmunzen...

D'Buch koum elo kuerz am PHI-Verlag eraus a gouf illustréiert vum Marie-Paule Schroeder.

Déi Texter kréien eng extra Präsenz wa se virgedroe ginn an, wéi am Fall vun "HAPPY HOUR" zum Beispill, och nach musikalesch betount ginn, sief dat atmosphäresch oder leitmotivesch.

Den Auteur liest a gëtt op der Gittar begleet vum Cary Greisch.


D'Virstellunge si Mëttwochs de 14., 21. an 28. Abrëll 2010 um 18 Auer am Bar-Foyer vum Kapuzinertheater.
Karteviirbestellung: www.luxembourgticket.lu ( http://www.luxembourgticket.lu/ )oder Tel: +352 47 08 95-1
Präis: 12 Euro (Cocktail abegraff)



Avis spectateurs | Zuschauer-Meinungen
Pas encore de contributions | Noch keine Beiträge Écrire un commentaire | Kommentar schreiben