E Joer ass vergaang, vill Geschichte goufen erzielt, vill Geschichte goufe gehéiert, vill Geschichte sinn duerch d'Welt gereest... an e puer sinn der nees an eise Kuerf gekroch!
Eng Stëmm, eng Melodie, e puer Geschichte voller Zaubereien an eng Rëtsch gespëtzten Oueren... méi brauche mer net. Wéi schonns déi zwee lescht Joer waart de Kuerf nëmmen drop, ausgepaakt ze ginn an ze weisen, wat an him stécht. Zesumme mat sengem Frënd, dem Cello, wëllt hien iech erëm laache, kräischen a staunen dinn an iech op seng Rees duerch vill verschidde Länner mathuelen.
De Kuerf ass nees do, fir den drëtten a leschten Deel vu senger Geschichtentrilogie. D'Betsy Dentzer erzielt fir Grouss a Kleng a gëtt dobäi vun engem Cello begleet.
« Loin de la surstimulation multi-sensorielle, la conteuse Betsy Dentzer évoque des univers fantasmagoriques avec juste... des mots (…) » Lëtzebuerger Land, février 12
Konzept an Erzielung Betsy Dentzer
|
Ëffentlech Virstellungen
|