D'GESCHICHT VUM BABAR, DE KLENGEN ELEFANT

En Erzielkonzert mat Schiettheater, fir Kanner vu 4 bis 8 Joer an all déi, déi sech verzaubere loossen.
Mat der Musek vum Francis Poulenc op engem Text vum Jean de Brunhoff.

 D'Geschicht erzielt d'Abenteuer vun engem klengen Elefant, de Babar, deen an di grouss Stad leeft nodeems seng Mamm vun de Jeeër erschoss gouf. Hei begéint hien enger Fra, déi all seng Wënsch vun de Lëpsen ofliest. Hie léiert Auto fueren, Kuch iessen an huet iwwerhaapt vill Frënn. Ma hien verlaangert awer souvill dass et net laang dauert, an hien zeréck bei d'Elefante wëll. A wat do geschitt verrode mer elo net !

Den Ausgangspunkt vum Projet ass di eenzegaarteg Musek, déi de Poulenc 1945 geschriwwen huet. Eng Musek déi Biller entstoe léisst an an der vill Poesie stécht. D'Verzauberung an d'Kraaft  vum Schiettheater huet dem TRAFFIK THEATER hei ideal geschéngt fir di delikat Musekswelt a Biller ëmzesetzen. Esou huet d'Cie dem Babar seng Abenteuer, déi 1931 vum Jean de Brunhoff opgeschriwwe goufen an d'Ästhetik vum 'Art Deko' gesat, fir esou d'Geschicht am Charme vum 'Entre Deux Guerres' bueden ze loossen. D'Verbindung vun de Schieter mat der Musek léisst esou d'Sensibilitéit an d'Zäertlechkeet vun dëser dach origineller Geschicht spierbar ginn.

Méi wéi 80 Joer no senger éischter Publikatioun, begeeschtert de Babar nach ëmmer Kleng an Grouss mat senger Poesie an der Kraaft vun der Musek.

« BABAR ass e wonnerbare Vintage-Spektakel, dee vun enger zeitloser Musek begleed gëtt !»

 

Musek Francis Poulenc / L'Histoire de Babar, le petit éléphant & Villageoises pour piano 1933
Text Jean de Brunhoff

Konzeptioun, Erzielung, Schieter a Spill Dan Tanson
Konzpetioun, Bühnebild, Schieter a Spill Christophe Morisset
Piano Chantal Levie

Realisatioun Traffik Theater Luxembourg
Produktioun Chantier Mobile asbl
Koproduktioun Philharmonie Luxembourg, CC Opderschmelz, Kulturhaus Niederanven, De Kroon Bruxelles

Remerciements Cie du Cuivre, GC de Kriekelaar, GC Essegem
Merci aux petites mains agiles Adèle, Astrid, Birgit, Benjamin, Cédric, Delphine, Lieselotte, Heidrun, Michel

Matt der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, Ministère de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle/SCRIPT

 

Scolaires
Freiden 10. MEE 2013 um 10h00 (tickets)
& 14h30 (tickets)

Tout public
Samsden 11. MEE 2013 um 15h00 (tickets)
Sonnden 12. MEE 2013 um 11h00 (tickets)
& 15h00 (tickets

Ab 4 Joer
Dauer 50 Minutten
Op Lëtzebuergesch

Erwuessener 10 € / Kanner 5 €
Am Kapuzinertheater