Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

#73 GUTT A GENUCH

Nom Theaterstéck Indien vum Alfred Dorfer & Josef Hader

Op Lëtzebuergesch adaptéiert vum Christiane Kremer
Rechter vun "Indien" beim Verlag Bunte Bühne (Wien
) 

[LB] Ass de Bifdeck bluddeg, wann e saignant bestallt gëtt? Si gebootschte Grompere gebroden oder just gequellt? Ass Pasta asciutta dat selwecht wéi Spaghetti bolognaise? Firwat iessen se an Indien just Räis?

Gutt a genuch! ass nach laang net alles wat an der Lëtzebuerger Gastronomie opgedëscht gëtt, och wann et am Guide esou steet.

Wann déi zwee staatlech Tester Francis Feller a Louis Laporte hiren Tour duerch déi schappegst Hotellen a Restaurante vum Land maachen, ploe se sech net just mat schlechtem Iessen, almoudesche Kummeren, granzegen Hotelieren, verstoppten Toiletten, mä och mat hiren Impressiounen an Depressiounen.

Déi vill gespillten an dacks iwwersaten tragesch Komedie vum Josef Hader an Alfred Dorfer beschäftegt sech elo mat der Lëtzebuerger Kichen an anere Lëtzebuerger Naupen ... 't ass heiansdo fir ze laachen, och wann et fir ze kräischen ass.

» Et [ass] einfach eng richteg Freed, e lëtzbuergeschen Text op der Bühn ze héieren an ze gesinn (dem Christiane Kremer seng Adaptatioun passt ewéi d'Fauscht op d'Aen - vum groussen Duché - an ass mat enger ganzer Réi gelongener Wuertspiller e klenge Bonbon […] ), an trotz e puer zimlech graffer Momenter, defteger Ausdréck an deem schéngt es néidege fäkalen Humor (wat zum Deel och un der éisterräichescher Virlag läit, déi alles anescht ewéi "salonfähig" ass!), gëtt et och richtege Kierperasatz (do gëtt well op den Dëscher gedanzt!), deen den Acteuren hei ofverlaangt gëtt. […] och an deene méi seriéise Momenter wëssen déi zwee Lucen ze iwwerzeegen. Luxemburger Wort

» Dies ist eine kammertheatralische Groteske von der wüst-menschlichen Art, so dass man erst meint, sie sei nix als deftig und ordinär, bis man erkennt: da steckt ja ein Haufen Humanum drin! Das sind nicht bloß schmierige, wamperte Spießer, Mannsviecher, Puderer, saugrob balzend und bolzend - nein, die zwei Gastro-Genossen verbindet am Ende wirkliche Freundschaft, die rühren an, die können einem leidtun. Stuttgarter Zeitung

Mam
Luc Feit
Luc Schiltz
Jean-François Wolff

Regie Daniel Texter
Bühn & Kostümer Anouk Schiltz
Luucht Max Kohl
Regieassistenz Frédérique Colling / Tom Dockal

D'Bühnenbild gouf gebaut vun den Atelieren vun den Theateren vun der Stad Lëtzebuerg Marc Bechen, Marcel Henkes, Constant Krieps, Marc Miltgen, Michel Mombach, Guy Wolff
Ustrach vum Bühnenbild Thierry & Boris Houyoux
Owestechnik Patrick Floener, Zezinho Gomes, Sepp Koch, Patrick Müller, Joe Peiffer
Schmink Katja Reinert

Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

E groussen Merci un Brasserie-Restaurant "um Dierfgen", "Le Vis-à-vis", RTL Radio Lëtzebuerg

 Lundi 10 JUIN 2013 à 20h00 (tickets)
Mercredi 12 JUIN 2013 à 20h00 (tickets)
Samedi 15 JUIN 2013 à 20h00 (tickets)

DURÉE environ 1h40 & entracte

Adultes 20 € / Jeunes 8 €

Lieu: Théâtre des Capucins

 [TICKETS]2013-06-10 20:00:00 13462+2013-06-12 20:00:00 13463+2013-06-15 20:00:00 13464