DEN TILL

Erzieltheater a Jonglage
Traffo / Kreatioun

[LE] An der Tierkei heescht hien Nasreddin oder Dschuha, an Afrika gëtt hien Abu Nuwa genannt, op Sri Lanka ass et den Andare an an der Mongolei de Badartschin. Bei eis ass säin Numm Till Eulenspiegel.

Mee egal wéi mer en och nennen, hien ass iwwerall fir seng Spiichten a Stiichtereie bekannt; méi wi een huet hien duerch seng gewëtzten Iddien esou richteg baschte gedoen. A well et esou schrecklech vill Spaass mëscht nozelauschteren, wéi déi agebilten an nidderträchteg Leit ugeschmiert ginn, zéien d'Betsy an de Max duerch d'Land an erzielen déi faarweg Geschichte vum Till.

Déi zwee jongléiere mat Wieder a Spréch, mat Kläng a Melodien, mä och mat richtege Saachen, huelen Iech mat vun enger Plaz op déi aner an doen Iech esou richteg laachen!

No der Trilogie "E Kuerf voller Geschichten", presentéiert TRAFFO matt "Den Till" eng nei kleng Erzielform déi och flexibel an anere Kulturhaiser a Schoule ka spillen.

[FR] En Turquie, on l'appelle Nasreddin ou bien Dschuha, en Afrique, Abu Nuwa, au Sri Lanka, Andare, et en Mongolie, on le connait sous le nom de Badartschin. Chez nous, son nom est Till Eulenspiegel.

Mais, peu importe comment on le nomme, partout dans le monde, il est surtout connu pour ses pitreries; nombreuses sont les victimes de ses idées malsaines et drôles. Et comme cela nous amuse toujours de voir les grands et puissants de ce monde se faire rouler dans la farine, Betsy et Max ont décidé de parcourir le pays, racontant l'histoire passionnante et follement amusante de Till.

Les deux jonglent avec les mots et les expressions, avec les sons et mélodies, mais aussi avec des objets, menant le public hilare d'un endroit à l'autre.

Après la trilogie A KUERF VOLLER GESCHICHTEN, TRAFFO présente avec DEN TILL une nouvelle forme d'expression adaptée pour d'autres lieux culturels et/ou écoles.

Konzept an Erzielung Betsy Dentzer
Jonglage Max Hinger

Produktioun an Diffusioun TRAFFO_CarréRotondes

On Tour : Op Ufro kann dës Produktioun vu Mëtt Dezember bis Enn Mäerz och an anere Gemengen a Schoule spillen. Fir weider Informatiounen:

An Zesummenaarbecht mat den Théâtres de la Ville de Luxembourg am Kader vun de Chrëschtdeeg am Theater

 Ëffentlech Virstellungen
Donneschden 26 DEZEMBER 2013 um 15h00 (tickets)
& 17h00 (tickets)
Freiden 27 DEZEMBER 2013 um 11h00 (tickets)
& 15h00 (tickets)
Samsden 28 DEZEMBER 2013 um 15h00 (tickets)
&17h00 (tickets)

Alter 5-99

Dauer 35 Minuten

Op Lëtzebuergesch / En luxembourgeois

CarréRotondes

Adultes 10 € / Enfants 5 €