AUCASSIN & NICOLETTE

Traffik Theater Lëtzebuerg
Eng spannend Chantefable aus dem franséiche Mëttelalter.
Mat engem Text vum Dan Tanson a mat Musek vun enger Harf, enger Fiedel a mat Gesank.
En Erzielkonzert fir Kanner vun 6 bis 10 Joer an hier Elteren.

[LB] Aucassin & Nicolette ass déi faszinéierend Geschicht vun 2 grousse Kanner déi sech iwwer alles gär hunn: den Aucassin, den Neveu vun engem klatzkäppege Grof an d’Nicolette en adoptéiert Sklavemeedchen. Obwuel hier Elteren net wëllen dass di zwee zesummekommen, geléngt et hinnen awer... no villen Abenteueren, Geforen an enger laanger Trennung.

Aucassin & Nicolette ass e Wierk aus der franséischer Literatur, dat ëm 1225 vun engem onbekannten Auteur geschriwwe gouf. Et ass eng Zort Virlag fir eng sëlleche Liebespärecherstexter aus der Weltliteratur wéi zum Beispill Romeo & Julia, Tristan & Isolde, WALLE & EVE...

Aucassin & Nicolette ass eng spannend Mëschung aus der originaler Geschicht a live Musek. Den Dan Tanson huet d’Geschicht selbstverständlech an engem zäitgenësseschem Mäntelchen iwwerschafft a ganz vill Situatiounswitz agebaut.

Sou kéint d’Stad an där d’Geschicht spillt genee esou gutt zu Lëtzebuerg sinn a weist och Ähnlechkeeten mat der aktueller sozialer Situatioun op. Esou mécht den Text de Kanner, ma genee esou den Erwuessen vill Spaass. D’Virstellung ass deemno richteg flott fir déi ganz Famill. D’Verbindung vun der mëttelalterlecher Musek mat Illustratiounen déi live entstinn, versprieche weider vill Spannung.

Besonnesch flott ass och dass d’Anne Delafosse (soprano) fir de Projet gewonne konnt ginn. D’Anne Delafosse ass Gesanksprofesserin fir al Musek am Conservatoire zu Lyon. Si huet an Zesummenaarbecht mam Dan Tanson original Musek aus Mëttelalter erausgesicht. A genee wéi et de Prinzip vun der Chantefable ass, séngt sie en Deel vun der Geschicht op Lëtzebuergesch. A wie weess villäicht séngt och den Dan Tanson en Deel vun der Geschicht. Ma do muss hien awer d’éischt nach e bësse Kräid iessen, fir seng Stëmm méi douce ze maachen.

[DIS]

Realisatioun TRAFFIK THEATER Lëtzebuerg
Konzeptioun & Erzielung Dan Tanson
Fiedel Birgit Goris
Soprano Anne Delafosse
Harfe Angélique Mauillon
Kostüm Alexandra Lichtenberger
Luucht Anne Streatmans

Produktion Chantier Mobile asbl
Koproduktion Philharmonie Luxembourg
Matt der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, Ministère de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle/SCRIPT

Virstellung a Collaboratioun mam Carré_Rotondes am Kader vun den Crëschtdeeg am Theater 

 

Représentations tout public
Samschden 20. DEZEMBER 2014 um 11h00 (tickets)
& 15h00 (tickets)
Sonnden 21. DEZEMBER 2014 um 11h00 (tickets)

 Représentations scolaires
Freiden 19. DEZEMEBR 2014 um 10h30 (tickets)
& 14h30 (tickets)

Vun 6-10 Joer

Dauer 45 Minutten

 Op Lëtzebuergesch

Théâtre des Capucins

 Erwuessener 10 € / Kanner 5 €

 

[TICKETS]2014-12-19 10:30:00 18129+2014-12-19 14:30:00 18130+2014-12-20 11:00:00 18124+2014-12-20 15:00:00 18125+2014-12-21 11:00:00 18126