FRRRUPS

Traffo
Erzieltheater op Lëtzebuergesch
Reprise

Hannert Bierg an Dall, matzen am Dännebësch, do wou et nuets stackdäischter ass an dagsiwwer d'Villercher päifen, wunnt eng Geessefamill, d'Mamm an hir dräi Klenger. Wéi de Wanter virun der Dier steet an eng Schnéidecken sech lues iwwert d'Wise leet, muss d'Mamm sech op de Wee maachen, fir no Iessen sichen ze goen. Iert si fortgeet, séngt si hire Klengen e Lidd, sou datt di Kleng si un hirer Stëmm erëmerkenne kënnen. Mä dobaussen, net wäit hannert der nächster Heck, do huet een aneren nogelauschtert an dee lauert nëmmen drop fir zouzeschnapen...

Frrrups verléisst di klassesch Theaterbühn, fir de Publikum an eng mysteriéis Billerwelt z’entféieren.

» Frrrups, pièce dans laquelle Larisa Faber replonge dans son enfance, bercée par le conte Capra cu trei iezi de l’auteur roumain Ion Creangă, le tout servi, comme dans un livre, par les magnifiques illustrations de Misch Feinen. Le Quotidien, janvier 2014

Fräi nom rumänesche Kannermäerchen „Capra cu trei iezi“ vum Ion Creangă

Iddi a Spill Larisa Faber
Regie Linda Bonvini
Zeechnungen an Dekor Misch Feinen
Op Lëtzebuergesch iwwersat Serge Tonnar

Produktioun an Diffusioun TRAFFO_CarréRotondes

Kreatioun Januar 2014

An Zesummenaarbecht mat den Théâtres de la Ville de Luxembourg am Kader vun de Chrëschtdeeg am Theater.

Ëffentlech Virstellungen
Donneschden  18. DEZEMBER 2014 um 15h00 (tickets)
Samsden 27. DEZMEBER 2014 um 11h00 (tickets)
& 15h00 (tickets)
Sonnden 28. DEZEMBER 2014 um 11h00 (tickets)
Méinden 29. DEZEMBER 2014 um 11h00 (tickets)
& 14h00 (tickets)

Alter 6-99 Joer

Dauer 45 Minutten

Adultes 12 € / Enfants 6 €

Carré_Rotondes
1 rue de l’Aciérie L-1112 Luxembourg-Hollerich