[LU] Um Bord vum grousse Bësch wunnen de Pierchen an säi Grousspapp. De Grousspapp warnt de Pierchen an de Bësch eranzegoen, well de Wollef hei seng Ronnen dréit a well e su hongereg ass wéi eng Wanternuecht.
Enges gudde Moie spréngt de Pierchen, faszinéiert vun der Schéinheet vun dësem geheimnisvolle Bësch, iwwert den Zonk a verléisst säi schützend Haus. Schnouer riicht geet en an de Bësch eran.
Op sengem Wee begéint hie sénge Frënn, dem Villchen an der Int déi duerch de Bulli ugewatschelt kënnt a monter schnaddert.
An de Pierchen? Ass hie prett dem Wollef, dee sech allze gäer am Schied vum Bësch verstoppt, ze begéinen? A wann den Ablack do ass, wäert hien en doud maachen, bezwéngen oder laafe loossen? Wéi wäert de Pierchen sech entscheeden?
[DIS]
Erzielerin Frédérique Colling
|
Schoulvirstellungen
|
[TICKETS]2018-12-22 11:00:00 26254+2018-12-22 15:00:00 26255+2018-12-23 11:00:00 26256