Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

#47 RUMPELSTILZCHEN

IAN DE TOFFOLI / BRIDDER GRIMM
E Mäerche fir Grouss a Kleng op Lëtzebuergesch
Avec surtitres en français et anglais

D’Équipe invitéiert Iech op en Nogespréich no der Virstellung vum 16. Dezember.

[LB] Mäerercher rem nei opliewen ze loossen, a Lëtzebuerger Sprooch, dëst war, viru méi wéi 40 Joer, zu enger kuerzlieweger Traditioun ginn. Den Norbert Weber huet seng Stécker zwar „Soe“ genannt, et waren awer de Rumpelstilzchen (1961), d’Rabonzel (1962) an d’Schnéiwittchen (1964), déi ënnert dem Eugène Heinen senger Direktioun op d'Bühn vum Groussen Theater bruecht gi sinn.

Am Zesummespill vun engem Auteur an engem Metteur en scène, an dësem Fall dem Ian De Toffoli an dem Myriam Muller, gëtt dës Traditioun elo erëm opgeholl an d’Fro vum Neischreiwe un enger uraler Geschicht fir den haitegen Theater gëtt nach emol nei gestallt. Well näischt ass manner festgefruer ewéi e Mäerchen oder e Mythos. Et sinn déi eelste Geschichten, mee et sinn och Geschichten déi oft nei erzielt, ëmgewandelt a –gesponne goufen. All Zäitalter huet dës éiweg Geschichten nei erfonnt, an se u seng eegen Aktualitéit gebonnen, dat heescht, all nei Äusserung erzielt am Fong méi iwwert haut, wéi iwwert Vergaangenes. E Mäerche spigelt ëmmer d’Essenz selwer vun der Welt wéi se grad ass erëm.

De Rumpelstilzchen ass zwar eent vun de bekannteste Märercher aus der Sammlung vun de Bridder Grimm, et ass awer och eent vun deene méi kuerzen, an deem Sënn datt, anescht wéi bei de grousse Geschichten, d’Figuren zwar eng schnell faassbar archetypesch Funktioun hunn, mee relativ wéineg psychologesch Déift. De Kinnek ass giereg, d’Duechter en Opfer, de Rumpelstilzchen, déi iwwernatierlech Hëllef, déi als Echange fir en Déngscht der frësch gekréinter Kinnigin hiert eegent Blutt freet.

Oder ass dës Geschicht och emol anescht ze verstoen? Ween ass déi Kreatur, déi sou eleng am déiwe Bësch wunnt a wat well si mat der Kinnigin hirem Kand? Si ass friem, lieft ausserhalb vun den ons bekannte gesellschaftleche Strukturen, verkierpert wëll Naturelementer an dach schéngt si sech Kompanie ze wënschen. Firwat vergësst d’Kinnigin hiert Verspriechen oder mengt et sou onbestrooft kënnen ze briechen? Gefält hier op emol déi ganz Opulenz? A wéi enger mësslecher Lag ass de Kinnek a säi Kinnekräich, datt hien sou dréngend Gold brauch?

An dëser Neischreiwung vun engem bekannte Mäerchen geet et also och ëm e Verstoen, ëm e Verdéiwe vu Motiver, déi mysteriéiser net kéinte sinn. Et geet drëms Erzielmuster ervirzehiewen – wat maache Muecht, Gier, Angscht, eleng sinn, mat engem?

Wann een d’Relatioun tëscht der Mëllerduechter an dëser iwwernatierlecher Kreatur néi erzielt, weiderspënnt, weiderdenkt, da stéisst een trotzdeem, automatesch, ëmmer erëm, op déi ural Kämpf, tëscht ënnerem Stolz an dem Wonsch no Gebuergenheet, tëscht der Zivilisatioun hirem dënne Mask an de verwëlderte Kräften déi eis dreiwen, oder tëscht – wa mer am technesche Language vun haut bleiwen – Créanciers an Débiteurs.

[FR] Les Théâtres de la Ville de Luxembourg ont décidé de faire revivre une tradition des débuts, à savoir celle de l’adaptation théâtrale et en luxembourgeois d’un conte de fées populaire. L’écrivain Ian De Toffoli et la metteure en scène Myriam Muller ont ainsi décidé de réinventer l’histoire de Rumpelstilzchen.

Rumpelstilzchen (selon les traductions françaises: Le Nain-Tracassin ou Outroupistache) est certainement un des contes les plus connus des frères Grimm, mais également un des plus courts, avec des personnages aux fonctions archétypales reconnaissables, mais sans véritable profondeur psychologique, ce qui donne à cette réécriture un droit à la modulation large. Il s’agit, donc, d’épaissir cette histoire de trahison et d’avarice par des mobiles jusque-là peu explorés, de remplir les ellipses par des actions et du dialogue, là où se trouvaient jusque-là des non-dits et des suppositions. Qui est ce Rumpelstilzchen et pourquoi veut-il s’emparer du premier né de la reine ?

Mais, finalement, en racontant cette relation entre une fille de meunier et une créature surnaturelle, ne retombe-t-on pas toujours, automatiquement, sur la lutte ancestrale entre la fierté et le désir de sécurité, entre le masque fin de la civilisation et les forces sauvages qui nous sous-tendent tous, ou bien, pour rester dans la jargon technique actuel, entre créanciers et débiteurs.

[EN] The Théâtres de la Ville de Luxembourg  have decided to revive a tradition going back a very long way, namely the adaptation for the theatre, in Luxembourgish, of a popular fairy tale. The writer Ian De Toffoli and the director Myriam Muller have thus decided to reinvent the story of Rumpelstiltskin.

Rumpelstiltskin is certainly one of the Brothers Grimm’s best-known stories, but also one of the shortest, with characters that are archetypically recognisable in terms of the functions they perform in the story-telling but lacking in any real psychological depth – which affords this rewritten version a great deal of scope for modulation.  What is involved, therefore, is an exercise in filling out this tale of betrayal and greed by illustrating hitherto little explored motives, and by using action and dialogue to fill in ellipses where, hitherto, there were things unmentioned and mere suppositions. Who is this Rumpelstiltskin, and why does he want to seize and take possession of the queen’s first-born child?

Ultimately, however, what this story of the relationship between a miller’s daughter and a supernatural creature boils down to, invariably and automatically, is the ancestral struggle between pride and the desire for security, between the thin mask of civilisation and the untamed forces harboured within each and every one of us, or – to use the current technical jargon – between creditors and debtors.

[DIS]

Mam Pierre Bodry, Gilles Cruchten, Larisa Faber, Fabio Godinho, Elisabet Johannesdottir, Marco Lorenzini,  Pitt Simon, Raoul Schlechter, Brigitte Urhausen

Weider Rollen Elisabeth Chuffart, Dana Calimente, Catherine Dauphin, Tiphanie Devezin, Claude Faber, Daniel Lieser, Laurent Mander

Regie Myriam Muller
Bühn Anouk Schiltz
Filmopnamen Christophe Wagner
Videoprojektioun Emeric Adrian
Kameramann Nikos Welter
Kostümer Christian Klein (mam Caroline Koener)
Musek Bernard Valléry
Luucht Philippe Lacombe
Regieassistenz Daliah Kentges

 

Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
Koproduktioun Théâtre d’Esch, CAPE – Centre des Arts pluriels Ettelbruck

Vendredi 15 DÉCEMBRE 2017 à 20h00 (tickets)
Samedi 16 DÉCEMBRE 2017 à 20h00 (tickets)
Dimanche 17 DÉCEMBRE 2017 à 17h00 (tickets)

DURÉE
environ 1h15

Aféierung zum Stéck vum Här Ian De Toffoli allkéiers eng hallef Stonn virun der Virstellung

Adultes 25 €, 20 €, 15 € / Jeunes 8 € / Kulturpass bienvenu

Lieu: Grand Théâtre / Grande Salle

[TICKETS]2017-12-15 20:00:00 23618+2017-12-16 20:00:00 23619+2017-12-17 17:00:00 23620