DE PIERCHEN AN DE WOLLEF

Orchestre Estro Armonico Luxembourg
TRAFFIK THEATER / AllerRetour asbl
Musekstheater adaptéiert mat Gebäerdesprooch
Op lëtzebuergesch

[LU] Um Bord vum grousse Bësch wunnen de Pierchen an säi Grousspapp. De Grousspapp warnt de Pierchen an de Bësch eranzegoen, well de Wollef hei seng Ronnen dréit a well e su hongereg ass wéi eng Wanternuecht.

Enges gudde Moie spréngt de Pierchen, faszinéiert vun der Schéinheet vun dësem geheimnisvolle Bësch, iwwert den Zonk a verléisst säi schützend Haus. Schnouer riicht geet en an de Bësch eran.

Op sengem Wee begéint hie sénge Frënn, dem Villchen an der Int déi duerch de Bulli ugewatschelt kënnt a monter schnaddert.

An de Pierchen? Ass hie prett dem Wollef, dee sech allze gäer am Schied vum Bësch verstoppt, ze begéinen? A wann den Ablack do ass, wäert hien en doud maachen, bezwéngen oder laafe loossen? Wéi wäert de Pierchen sech entscheeden?

[DIS]

Erzielerin Frédérique Colling
Kënstlerescht Konzept Dan Tanson, Astrid Howard
Mise en scène vun der Reprise, Szenographie, Bühn, Schiedspill a Figuren Dan Tanson
Kostümer Peggy Würth
Luucht Samuel Ponceblanc
Dirigentin Jehanne Strepenne
Gebäerden Dolmetscherin Véronique Steinmetz

Produktioun AllerRetour a.s.b.l.
Koproduzenten Mierscher Kulturhaus, Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
An Zesummenarbecht mat Estro Armonico Luxembourg, Solidarität mit Hörgeschädigten a.s.b.l., Centre de Logopédie

 

Schoulvirstellungen
Jeudi 20 DÉCEMBRE 2018 à 10h30
Vendredi 21 DÉCEMBRE 2018 à 10h30
& à 14h30

Ëffentlech Virstellungen
Samedi 22 DÉCEMBRE 2018 à 11h00 (tickets)
& à 15h00 (tickets)
Dimanche 23 DÉCEMBRE 2018 à 11h00 (tickets)

 DURÉE environ 45 minutes

Ab 5 Joer (Cycle 2 Préscolaire)

Théâtre des Capucins

Adultes 10 € / Enfants 5 €

 

[TICKETS]2018-12-22 11:00:00 26254+2018-12-22 15:00:00 26255+2018-12-23 11:00:00 26256