#37 DÉI BESCHT MANÉIER, AUS DER LANDSCHAFT ZE VERSCHWANNEN

GUY REWENIG
Kreatioun

[LB] D’Félicie an den Heng, eng eeler Koppel vum Lampertsbierg, fueren an e Schwäizer Kurhotel. Wat si do maachen a firwat et si an d’Schwäiz verschléit, ass laang Zäit net kloer. Si behuele sech ewéi zwee Gedriwwener, déi et doheem net aushalen an dobaussen an der Friemt net glécklech ginn. Jiddefalls gerode si an der Schwäiz op eng Zort Geeschterbunn: Alles, wat si erliewen, gëtt ëmmer méi koppeg a bosseg, d’Gläichgewiicht tëscht dem Félicie an dem Heng ass empfindlech gestéiert, a wa si op eemol am Kurhotel aner Lëtzebuerger begéinen, déi hinne komplett géint de Stréch ginn, eskaléiert déi ganz Situatioun. Mee wat stécht hannert där kuriéiser Schwäizer Eskapad? Den déiwe Grond kënnt nëmme stéckweis eraus, iwwert Undeitungen a Gefillsausbréch, an et däerf een unhuelen, datt déi richteg, schrecklech Geeschterbunn doheem um Lampertsbierg steet.

De Guy Rewenig huet säi Stéck ugeluecht als Geschicht iwwert d’Léift vun zwee Leit, déi net méi vill mateneen ufänke kënnen an awer op eng batter Manéier vuneneen ofhängeg sinn. Si péngege sech, maache sech Virwërf, streide vu mueres bis owes, fir dann nees momentweis friddlech a verstänneg mateneen ëmzegoen. Si sti sech selwer am Wee, kënnen net iwwert hire Schiet sprangen, an awer kënnt kee vun deem anere lass. Den Text – eng Suite vu rapiden, intensiven Dialoger – wiesselt stänneg tëscht Tragik a Komik an iwwert allen Episoden a Statioune steet d’Fro: Wéi laang kann dat do nach gutt goen? Wéini kënnt déi grouss Katastroph?

De Charles Muller inszenéiert e Stéck an deem näischt esou ass wéi et schéngt, an deem et ëm eng grouss Liewensligen, ëm Verdrängung an sech an d’Täsch léie geet, mam Christiane Rausch an der Roll vum Félicie an dem Jean-Paul Maes an der Roll vum Heng. Weiderhin fueren d’Brigitte Urhausen, de Pitt Simon an den Nilton Martins mat op där Geeschterbunn, déi awer mat enger gesonder Portioun groteskem Humor ënnerwee wäert sinn an dës Saison och zu Miersch, Maarnech an Iechternach Statioun wäert maachen.

[DIS]

Mam
Heng
 Jean-Paul Maes
Zëmmerservice Nilton Martins
Félicie Christiane Rausch
Ricky Pitt Simon
Bella Brigitte Urhausen
Museker Luc Hemmer

Zëmmerservice Manuela Giaccometti, Lorent Hajredini, Marko Mladjenovic, Paul Nossem, Annick Schadeck

Regie
 Charles Muller
Dramaturgie Andreas Wagner
Bühn & Kostümer
Anouk Schiltz
Luuchtendesign Philippe Lacombe
Regieassistenz
Daliah Kentges
Kompositioun Luc Hemmer / Joël Mangen
Beweegungstraining
 Annick Schadeck
Mask Joël Seiller

Garderobe Manuela Giaccometti
Mask Joël Seiller
Requisite Marko Mladjenovic

Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
Koproduktioun Cube 521 Marnach, Trifolion Echternach

Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen ass ee vun den Texter aus dem Buch mam selwechten Titel, dat 2015 am Verlag Guy Binsfeld erauskoum.

 

Samedi 6 OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)
Mardi 9 OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)
Jeudi 11 OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)
Samedi 13 OCTOBRE 2018 à 20h00 (tickets)

DURÉE environ 1h15 (pas d'entracte)

Aféirung zum Stéck vum Här Marc Rettel 1/2 Stonn virun de Virstellungen (LB)

Adultes 20 €, 15 €, 8 € / Jeunes 8 € / Kulturpass bienvenu

Lieu: Théâtre des Capucins

Op Tournée:
zu Miersch am
Kulturhaus: 16.12.2018
zu Marnech am Cube 521: 15.02.2019
zu Iechternach am Trifolion: 12.05.2019

[TICKETS]2018-10-06 20:00:00 25377+2018-10-09 20:00:00 25379+2018-10-11 20:00:00 25380+2018-10-13 20:00:00 25378