Théâtre des Capucins

Notturno

Guy Wagner

Samsdeg 11. Oktober 2008 um 20 Auer
Dauer 1 Stonn 30 Minuten mat Paus
Erwuessen 20 €, Studenten 8 €

Ze Spéit an D'Enn, mäi Frënd vum Guy Wagner. Zwee Stécker fir zwou Persounen.

LB
Déi zwee Theaterstécker, déi ënnert dem Titel Notturno matenee verbonne goufen, si wéi déi zwou Säite vun enger Mënz. Si goufen alle béid fir d'éischt op Däitsch geschriwwen.
Dat éischt, Aller Tage Abend, e Spill ëm Verantwortung a Schëllechginn, hunn ech de 24. Mee 1979, op Christi Himmelfahrt, verfaasst, nodeems zwéin Deeg virdrun eng Zeitungsmeldung mer den Impuls derzou ginn hat: An engem Mouroir, wou d'Verloossenheet zum Liewensrescht derzou gehéiert, erschléit en ale Mann säin Noper, well deen hien "all fënnef Minutten no der Zäit freet".
Dëst Stéck krut ee vun deene fënnef Präisser, déi am éischten offiziellen Literaturconcours 1979 vergi goufen. Et gouf awer ni opfou ert an et ass a mengem Tirang verschwonnen. Dat zweet, Das Ende, mein Freund, gouf tëscht 1987 an 1989 geschriwwen.
Dozou hat ech d'Inspiratioun kritt duerch dem Friedrich Dürrenmatt seng 21 Punkte zu den Physikern: "Eine Geschichte ist dann zu Ende gedacht, wenn sie ihre schlimmstmögliche Wendung genommen hat" (Punkt 3), an: "Die schlimmstmögliche Wendung ist nicht voraussehbar. Sie tritt durch Zufall ein" (Punkt 4).
Ech hu mer dorops eng Geschicht ausgeduecht, déi ech konsequent duerchgespillt hunn, bis zum batteren Enn: Zwee Geschwëster (Bridder? Schwësteren? Brudder a Schwëster?), sinn unenee gestréckt, well een(t) un de Rollstull gebonnen ass a well säi Partner séilech vum aneren ofhänkt. No an no schielt sech eraus, wéi et zur Katastrof koum: Deene béid hire Papp hat wëllen Här iwwer Liewen an Dout spillen...
Richteg zefridden war ech awer net mam Resultat, an sou ass och dëst Stéck am Tirang verschwonnen an dora bliwwen, bis en neien Impuls duerch de Literaturconcours 2006 koum, deen dem Theater reservéiert war.
Ech hu mech gefrot, ob d'Stéck net awer genuch Substanz hätt, an hunn et ganz nei opgeschafft, woubäi dat, wat ech an der Tëschenzäit als Liewesan Doudeserfahrung matkritt hat, säint zu enger Verdéiwung bäigedroen huet.
Besonnesch d'Tatsaach, datt ech nun als Sprooch d'Lëtzebuergesch gebraucht hunn, huet dem Stéck gutt gedoen, well d'Onmëttelbarkeet vum Ausdrock a vun der Wierkung derduerch verstäerkt a verdéift gouf. Datt et, ënnert dem Titel: D'Enn, mäi Frënd, anonym agereecht, vum Jury vum Nationale Literaturconcours 2006 mat 1. Präis ausgezeechent gouf, huet mer bestätegt, datt et eppes ze soen huet. Dëse Succès huet mech derzou bruecht, och eng nei Versioun vun deem éischte Stéck op Lëtzebuergesch ze schreiwen: Ze spéit, an déi zwee ënnert dem Titel: Notturno als een Theaterowend ze proposéieren.
Notturno, do denkt een un de Franz Schubert an un de verhalene Schmäerz, deen a senger Musek läit. Ëm e sou e Schmäerz an ëm déi laang Nuecht no eisem kuerze Liewen geet et a deenen zwee kuerzen Theaterstécker. Si sinn dem Charles Muller mat mengem Dank a menger Frëndschaft dediéiert. G.W.

ZE SPÉIT (1979) Mise en scène Claude Mangen Avec Marcel Heintz et Jean-Marc Calderoni
D'ENN, MÄI FRËND (2006) Mise en scène Charles Muller Avec Myriam Muller et Jules Werner
Assistance à la mise en scène Jessica Tonnar Décor et scénographie Anouk Schiltz Assistée de Céline Diez Costumes Peggy Wurth Lumières Karim Saoudi Maquillage Julie Asselborn Production Théâtre d'Esch Coproduction Kulturfabrik (Kufa)