[LB] Do ass d'Lydie, dat scho 6 Méint kee Loyer méi bezuelt huet a vun engem Friemen en deire Bucki Blumme geschenkt kritt. Dann de Steve, deen am Colorado war an elo, nodeems seng Mamm verschwonnen ass, zu Lëtzebuerg op der Strooss sëtzt. Da gëtt et do en Tipp, dee sech mam Taxi op d'belsch Plage féiere léisst, fir do an d'Waasser ze goen. An en aneren, de Fred, deem d'Gléck an de Schouss ze fale schéint an dee ganz onerwaart seng al Léift Blanche erëmgesäit.
Sou léiere mer eng zing Leit kennen, déi, an enger Zäit, wou et méi lues geet, probéieren sou gutt wéi méiglech derduerch oder dervun ze kommen. Datt se dobäi net ëmmer kënnen oder wëllen éierlech sinn ass eng Saach; eng aner ass déi, datt se mat all deem Gepokers a Gespills net méi wëssen, wéini si ufänken sech selwer ze bedréien. Sinn dat nach d'Spillregelen oder si mer scho matten am Fuddelen ...?
En tragikomescht Stéck iwwer Dreem a Gefiller, Wonsch a Wierklechkeet an d'Schwieregkeet, éierlech ze bleiwen an net ganz éierlechen Zäiten.
REGIE Claude MangenPRODUKTIOUN Théâtre des Capucins |
Donneschdeg 13. JANUAR 2011 um 20.00 Auer (tickets)
|
| Pas encore de contributions | Noch keine Beiträge | Écrire un commentaire | Kommentar schreiben |