
#69 Dame Blanche
[lb] 't ass déck schmeier. An hënt gouf d'Auer zréck geréckelt.
Hien, en eeleren Här mam Monde am Grapp, sëtzt am Park ze waarden... Eng Madämmchen am schluetwäisse Kleed, eng rout Oeillet am Tuppi, freet ob nach fräi ass... nieft him op der Bänk... Hunn se Rendez-vous?
Et bruckt un eppes... A wann d'Donnerwieder lass geet, dann hu se vill getoozt, ma si weess just, datt hien Otto heescht, an hien, datt si d'Anna ass. Soss näischt.
Si verléiere sech... Siche sech... Fanne sech och vläicht erëm. Zoufälleg? Fir sech nees ze verléieren... an där gelungener Zäit, wou bannen a baussen op eemol changéiert ass, mol lackeleg, mol rabiat... ower emmer méi verwuerelt...
An da left och nach deen Isi him an d'Féiss. Oder ass den Isi den Otto?
An d'Auer gëtt erëm geréckelt: déi Kéier vir. Fir nieft de Kapp ze kommen! Maache se de Spunnes mat him?
Hien eelst...
Ass d'Anna just säi schéinen Dram? Säi Rettungsrénk? Oder säi Cauchemar?
E Stéck Welt vun haut, an där hien, e Mënsch vu gëscht, net méi richteg eens gëtt; e komesche Kauz, ëmgaachelt an ower eleng gelooss, op der Sich no eppes wat eriwwer ass...
Eng Comédie?
Mëttwoch, 24. März 2010 um 20:00 Auer (tickets)
Freideg, 26. März 2010 um 20:00 Auer (tickets)
Samsdeg, 27. März 2010 um 20:00 Auer (tickets)
Mëttwoch, 14. Abrël 2010 um 20:00 Auer (tickets)
Donneschdeg, 15. Abrël 2010 um 20:00 Auer (tickets)
Freideg, 16. Abrël 2010 um 18:30 Auer (tickets)
Erwuessener 20 € / Jonker 8 €
Et spillen Claude Mangen, Marc Olinger, Annette Schlechter
Produktioun Théâtre des Capucins
| Pas encore de contributions | Noch keine Beiträge | Écrire un commentaire | Kommentar schreiben |